Avenue Gaston-Diderich

D'Avenue Gaston Diderich ass eng Strooss um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Se fänkt beim Boulevard Grande-Duchesse Charlotte un a verleeft dann a Richtung Weste bis bei de Märeler Kierfecht an der Rue des Aubépines. D'Strooss déi 1913 nach Dauwelterwee geheescht huet, gouf méi spéit d'Rue Belair a schlussendlech 1947 nom fréiere Stater Buergermeeschter Gaston Diderich benannt, deen dat Joer virdru gestuerwe war. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet se „Prinz Eugenstraße” geheescht. Am westlechen Deel vun der Avenue, do wou d'Strooss vis-à-vis vun der Rue d'Oradour e liichte Bou mécht, stoung fréier am Feld de Gaalge vun der Stad. Dorop zeréckzeféieren ass de Flouernumm Gaalgebierg deen haut nach op der Kadasterkaart agedroen ass. D'Haiser op Nummer 42-44 a 50A goufen den 21.9.2007, resp. de 26. 1.2015, op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.


Developed by StudentB